Vun der gëllener Fra zur Groussherzogin aus Bronze

Eng Polaroid Foto vu mir 📸
Moien, ech sinn de Pierre 👋 Ech hunn dës Websäit an d'Liewe geruff, well ech mech schwéieren Häerzens vu menger Postkaarte Sammlung trenne muss. Obwuel d'Gëlle Fra vir ëmmer eng Plaz a mengem Häerz wäert hunn, ass eng nei Fra a mäi Liewe getrueden: D'Monument vun der Groussherzogin Charlotte. Mam Erléis vum Verkaf vu menge Postkaarte wëll ech menger neier grousser Léift e Verlobungsrank kafen* 💍
* De Pierre ass e fiktionale Charakter aus dem Kuerzfilm AGALMATOPHILIE (LU 2026). Entspriechend ginn all d'Suen, déi mam Verkaf vun de Postkaarte gesammelt ginn, un d'Schëpferin vum Film a vun dëser Websäit.
Hëlleft mir mäin Zil vun 500 € z'erreechen
28
Postkaarten
4
Ënnerstëtzer
0
Deeg iwwereg
Wiel tëschent benotzte oder onbenotzte Postkaarten
✨ OnbenotztPostkaart mat der Gëlle Fra am Aquarell Stil 🎨
✨ OnbenotztEng stiliséiert Versioun vun der Gëlle Fra – bal sou schéi wéi d'Original 😉
✨ OnbenotztD'Gëlle Fra aus der Fräschperspektive 🐸
✨ OnbenotztD'Gëlle Fra mat Reebou 🌈💕
✨ OnbenotztD'Gëlle Fra encadréiert vun engem rouden Häerz ❤️
✨ OnbenotztKeen Kuss vir de 🚍, mee e Kuss vir d'Gëlle Fra 💋
✨ OnbenotztNet nëmme vun hannen eng Schéinheet, mee och vun der Säit 🤭😍
✨ OnbenotztAm Fong misst et "I ♥️ Gëlle Fra" heeschen. Mee Lëtzebuerg ass och net schlecht 🇱🇺👍
✨ OnbenotztLéif Gréiss vun der Gëlle Fra 🤩
✨ OnbenotztEch perséinlech fanne jo, dass d'Gëlle Fra op dëser Postkaart ze kleng geroden ass, mee bon 🤷
✨ OnbenotztD'Gëlle Fra huet Lëtzebuerg gär a Lëtzebuerg huet d'Gëlle Fra gär 🇱🇺❤️🇱🇺